BERLIN FREESTYLE Lyrics
- Genre:Hip Hop & Rap
- Year of Release:2022
Lyrics
Berlin City Vibes Shawty zéi mat mir duerch d'Nuecht
Treffen eis um Kiez alles spontan näischt ass duerchduecht
Wëll mech mat der fillen hu schonn ze laang iwwerluecht
Nee hu keng Gefiller mee hunn nees un dech geduecht
Berlin ass kal awer du bass chaud
Du muss net waarden ech huelen dech of
Fueren duerch d'Stad an ech halen deng Hand
Jo ech hu Spaass sou wéi deemools als Kand
Jo ech hu Spaass sou wéi deemools als Kand
Fëllen däi Glas an du pass mer de Blunt
Alles ass chill wann ech mat dir sinn
Du weess ech liewe sou wéi am Film
Ginn an de Späti, huelen eng Fläsch
Wäisse Vino nee mir sinn net gestresst
Loosse lass den Owend si mer blessed
Drénken a fëmmen eis Suergen ewech
Drénken a fëmmen eis Suergen ewech
Snacke beim Inder bezuelen net Cash
Ginn an de Park a mir fillen eis echt
Ma der kee Kapp schlecht Gedanke geläscht
Kennen eis net laang mee verstinn eis gutt
D'Liewen eng Piste a mir fuere Schuss
Mound schéngt hell t'ass nach laang net Schluss
Wéilt et gäer man awer ginn der kee Kuss
Dréins mer eng Ziegs an ech denke just fuck
Du bass sou sweet Shawty kënns de nach mat?
Hatt ass dobäi, nee ech maache keen Drock
Wat's de wëlls Baby ech hu Bock
Schlofen dann a mat dir u menger Säit
Gleef mer soulues ass et un der Zäit
Dass de deng Aen opmëss a gesäis
Kee kann dech stoppe well du bass fräi
Ma wat's de wëlls ech jugéieren dech net
Mäin Honger op dech ass na laang net gestëllt
Wëll dech rëmgesi mee just wann's de wëlls
Si gespaant wat alles aus eis gëtt