Serotonin ft. Mellow Lyrics
- Genre:Hip Hop & Rap
- Year of Release:2024
Lyrics
Firwat rappen ech déi Texter wann ech net weess ween ech sinn?
Firwat stinn ech op der Bühn wann ech kommen a rëm ginn?
Firwat kräischen ech alleng, da wa leit mech net gesinn?
So ma firwat liddste dech selwer un, da wann Tréinen net verginn?
An der Nuet do platzt däi Kapp, du weess net, wat mat der lass ass
Froen iwwer Froen a keen, dee fir dech do ass oh no no no no
Dowéinster spärste dech a bei där doheem
All Owend rëm mierkste du hues guer keen
Wéi laang nach, bis déi leschten Drëps Motivatioun geet?
Keng Séil, déi versteet war bannen dra feelt
Ech leien owes am Bett, mäi kapp ass voll ech kréie kee Schlof
Ech pokere mat den Demons a mer, mais se zéie mech of
Serotonin verléisst mech grad a wisou geet et der no?
Wisou ass alles onméiglech grad, wéi schalten ech dat rëm of?
An deng Loscht déi vergeet, well däin Himmel ass gro
An deng Broscht deet da wei, well déi Péng ass nach do
Gett et d'Chance fir eng Hoffnung, leisste se lass
Leisste et sinn oder leeste lass?
All Nuet do platzt däi Kapp, du mengs kee weess wat mat der lass ass
Froen iwwer Froen, ziel op mech wa soss keen do ass
Well ech weess wei et ass keen ze hunn
Wannste dech frees "Wéini basste dann drun?"
Wannste net mei schléifs, net mei drénks, net mei ëss a kee Mënsch kennt un dech run
Ech weess et schéngt wei wannste renns
An kee Wee mei raus erkenns
Mee gleef ma iergendwann fënns och du däi Wee wannste just un dech selwer gleefs
Dowéinster spär dech net a bei där doheem
Gei raus a fann däin eegene Wee
Egal wei laangste braus du wäers mierken dass et geet
Vertrau ma, ech weess genau wat da feelt
Ech leien owes am Bett, mäi kapp ass voll ech kréie kee Schlof
Ech pokere mat den Demons a mer, mais se zéie mech of
Serotonin verléisst mech grad a wisou geet et der no?
Wisou ass alles onméiglech grad, wéi schalten ech dat rëm of?
Wéi schalten ech dat rëm of?
Wisou ass alles onméiglech grad, wéi schalten ech dat rëm of?